Schoulprojet am Duerf Djolofira Sérère II

Am Juni war d’Presidentin vun eiser a.s.b.l op Besuch am Senegal. An deem klengen Duerf Djolofira Sérère II, eng 20 km vun M’Bour huet si sech mat den zwee Schoulmeeschteren getraff, déi déi ronn 90 Kanner aus dem Duerf ënnerriichten, getraff. But vun dësem Treffen war et, méi iwwert Besoinen vun den Kanner gewuer ze ginn, an wéi mir si ënnerstëtzen kennen. An engem ganz häerzlechen Gespréich hunn si dem Marielle erzielt, dass et vir d’Elteren vun den Kanner schwiereg ass déi néideg Suen vir d’Aschreiwung, vun ëmgerechent 2 Euro 50, souwéi vir déi néideg Schoulsaachen, opzebréngen.
D’Leit aus dem Duerf liewen alleguer vun der Landwirtschaft, d’Recolte vum ass am November an Dezember. D’Aschreiwung vir d’Schouljoer ass awer schonn Ufank Oktober, wat vir d’Elteren eng grouss finanziell Erausfuerderung duerstellt.
Duerch generéis Spenden, an déi Suen, déi mir duerch den Verkaf vun Kichelcher an aaneren Produiten um Rousenfest den 19.06 zu Beetebuerg hunn mir schonn en groussen Deel vun den néidegen Suen zesummen kritt, vir d’Kanner aus dem Duerf ze ënnerstëtzen. Mir hunn schonn déi 395 Euro gesammelt vir all Kand aus dem Duerf d’Schoulsaachen souwéi en neien Schoulsak vir am Ganzen 207 Euro ze kafen.
Wann Dir DU an ECH a.s.b.l an d’Kanner wëllt ënnerstëtzen, kenn Dir en Don maachen. Mat dësem Don wëllen mir den Kanner aus dem Duerf d’Aschreiwung vir dat nächst Schouljoer bezuelen. D’Aschreiwung vun den 90 Schoulkanner aus dem Duerf kascht 207 Euro. Vir eisen Projet ze realiséieren fehlen eis nach eng ronn 100 Euro.